 |
D’Marianne Hengel ass 1978
zu Lëtzebuerg gebuer an huet sëch schon am Alter
vun 6 Joër vir d’Musék intresséiert.
Mat 7 Joer ass hatt der Chorale Muselfénkelcher
Gréiwemaacher beigetrueden. No 3 Joer am Kannerchouer
ass hatt dunn an deen groussen Jugendchouer komm, wou hatt
nach haut aktiv Sängerin ass.
Mat 9 Joër huet hatt Solfège ugefaangen an huet
mam Diplôme vum 1. Präis mat der Mentioun «Distinction»
ofgeschloss.
Mat 11 Joër huet hatt entschloss déi geléierten
Theorie an d’Praxis emzesätzen an huet sëch
an d’Klarinetten Coursen ageschriwwen. Dës huet
hatt och mam Diplôme vum 1. Präis an enger Mentioun
«Très bien» ofgeschloss. Säit 1992
ass d’Marianne éischt Klarinettistin an der Harmonie
Municipale Gréiwemaacher, op der Klarinett Sib an Mib.
An den Joren 1998 an 2001 ass d’Marianne als Solo-Sängerin
vun der Harmonie Municipale Gréiwemaacher engagéiert
gin. Op dësen Concerten huet hatt Léider aus den
Musical «Les Misérables» an «Chess»,
wéi och dat bekannten Léid «One Moment
in Time» vum Whitney Houston gesongen.
Säit 1998 leed hatt sein egenen Chouer «The Diols».
|
 |