Gospel
Déi Expressioun «Gospel» ass an onsem Joerhonnert gebraucht gin an stellt eng Ofkierzung vun den Wieder «God's spell» (Dem Herrgott séng Wieder) duer.

Een populären Stil vun amerikaneschen Léider mat religiéisem Inhalt déi aus den Joren 1870 stamen. Ursprénglech ass den Gospel aus spontanen Ausriff vun Gemengenmemberen wärend der Priedegt vum Evangelium, entstanen. Eent vun deenen éischten Beispiller vun der Gospelmusék ass «I love to Tell the Story» (1869) vum William Fischer. Déi Texter, haaptsächlech déi vum Fanny Crosby, hun sëch meeschtens mat der Befreiung an der Konversioun beschäftegt. Bis 1930 huet sëch eng Gospelmusék, egen vir déi Schwaarz entwéckelt.

Gospelléider sin hautdesdags ugepassten Stiler vun spirituellen Léider vun der schwaarzer Bevölkerung aus Amerika. Si hun vill verschidden modern an aktuell Musékrichtungen beaflosst, wéi zum Beispill den Soul, Country an den Rock. Deen speziellen Rhythmus an Vibratiounen vun dëser Musék hun iwwerall hir Spueren hannerlooss.

Deen modernen Gospel huet ongeféier 100 Joër. Déi méi al Wuerzelen fannen sech an den Spirituals rem.

>>
1
. : h o m e : .