«The Diols» ass een lëtzebuergeschen Chouer deen sëch op Gospel an Negro Spiritual Léider spezialiséiert huet.

Sou ass den Chouer entstanen :
Am März 1998 ass d’Marianne Hengel vum Claude Weiland gefrot gin vir Gospelléider op enger Hochzäit am August ze sangen.
Den Claude an d’Marianne kennen sëch aus der Harmonie Municipale Gréiwemaacher, wou den Claude Chef ass an d’Marianne Klarinettistin. Hatt hat all Hand fräi vir d’Organisatioun vum Gesang an d’Zësummenstellen vum Hochzäitsprogramm. Hatt huet décidéiert e puer Jongen an Meedercher ze sichen, déi Spaass um Sangen hun an déi sech bereet erklären dës Hochzäitsmass op d’Been ze stellen. Zësummen mat séngem Brouder, den Guy Hengel, huet hatt och dun e puer ganz motivéiert Leit fonnt déi ouni ze zécken zougesot hun.

Vir eng besser Opstellung, sin d’Männer an d’Meedercher an véier Stëmmen agedeelt gin, d’Meedercher an Sopran an Alt, d’Männer an Tenor an Bass. D’Marianne sollt d’Solo-Parten iwwerhuelen.

>>
1
. : h o m e : .