 |
Wat mir Iech
kënnen ubéiden :
No enger éischter Kontaktopnam, léen mir
een Datum vun enger Prouf fest an där Dir kënnt
kucken an lauschteren kommen. An där Prouf sangen mir
Iech iisen kompletten Répertoire vir an Dir kënnt
dann Är Léider rausséichen. Dat heescht,
Dir kënnt Ären perséinlechen Programm zësummenstellen.
Wann Dir een Léid kennt, dat nët zu iisem Répertoire
gehéiert, kënnen mir iis sëcherlech arrangéieren.
Nierwent dem fixen Répertoire, verfügen mir nach
iwwer aner variéiert Léider, déi mir
op Ufro an den Programm kënnen mat asätzen. |
 |