Den Numm
Den Numm ass eigentlech ganz einfach ze erklären. An der Musék gin ët verschidden Virzeechen (Virzeechen änneren d’Héicht vun den Nouten virun deenen si stinn), wéi den Dièse # (erhéicht d’Nout em een halwen Toun) an den Bémol b (erniddregt d’Nout em een halwen Toun) an aus deenen zwee Zeechen ass den Numm gebuer. DIèse BémOL, an well mir zu méi sin, ass nach een S ugehaangen gin.

Den Chouer
Den Chouer, mat Sëtz zu Gréiwemaacher, besteet zënter 1998. D’Sängerinnen an d’Sänger déi vun Gréiwemaacher, Wecker, Réimech… kommen, stin ëenert der Direktioun vum Marianne Hengel. Säit November 2000 gëtt d’Chorale vum Ivan Boumans vun Wëlwerwoltz op séngen Tasten (Keyboard, Piano an Uergel) begleed.

Déi meescht Concerten sin Hochzäitsmassen. Bis elo waren déi Concerten zu Lëtzebuerg, an Däitschland, Frankräich an der Belsch, mee eng aner Offer wier sëcherlech och ganz intressant.

>>
1
. : h o m e : .